slide front slide front

Engem Kand soll säi Mënscherecht op e natierlecht Familljeliewen an de gläichen Zougang zu béiden Elteren ni ofverlaangt ginn. Et huet och keen d'Recht z'entscheeden wéi engem Elterendeel seng Léift méi Wäert huet.

Lescht Neiegkeeten

Iwwer eis

FAD – Fathers Against Discrimination a.s.b.l. “Both Parents for All Children™”, ass eng Dialogplattform déi gegrënnt ginn ass fir d’Chancëgläichheet fir béid Elteren ze fërderen, fir d’Verletzunge vun de Kannerrechter ze stoppen, hire Wuelstand ze garantéieren, e Bewosstsinn fir Ongläichheeten ze schafen an Diskriminatioun géigeniwwer vun Eltere virun de Lëtzebuerger Geriichter z’exposéieren.

Eist Zil ass d’Justiz op veraalt Familljegesetzer opmierksam ze maachen, notamment am Fall vu Scheedungen, an awer och duerfir ze suergen datt all Elterendeel déi selwecht Rechter wärend de Verhandlunge soll hunn.

Trotz de rezenten an als “revolutionär” virgestallte Gesetzesännerunge vum 1. November 2018 déi béid Elteren dat gläicht Suergerecht zouspriechen, gëtt 50/50 gläichberechtegt Suergerecht – alternéierte Wunnsëtz nach ëmmer net als Standardreegel applizéiert, wat Suergerecht ugeet.

D’Gesetzgeber an d’Riichter berécksiichtege seele 4 Jorzéngte laang empiresch Studien a wëssenschaftlech Konklusioune vun international unerkannte Wëssenschaftler, déi bestätegen, datt 50/50 gläichberechtegt Suergerecht – alternéierte Wunnsëtz (a Flichten) de effektiivste Modell ass deen de Kanner wärend oder no enger Trennung, emotional Stabilitéit garantéiert.

50/50 gläichberechtegt Suergerecht – alternéierte Wunnsëtz kann a soll zu Lëtzebuerg als Standardreegel am Interêt vun de Kanner agefouert ginn. De Modell kann net all Problem léisen deen d’Eltere behandele wann se sech trennen, awer en erméiglecht d’Kanner ze schütze géigeniwwer all den Elteren déi hier Kanner als Erpressungsinstrument ausnotze wëllen.

“Mir wëlle bleiwe wat mir sinn an mir kënnen e Beispill fir de Recht vun Europa sinn.”

 

 

Courage, Kraaft a Léift

Fir de Jeremi & Oliwier an all d'Kanner, déi Courage, Kraaft a Léift fannen wann se mat der Trennung an der Scheedung vun hiren Eltere befaassen.

Our Partners

Newsletter

Abonnéiert Iech op eisen Newsletter fir um lafenden Zäit ze bleiwen iwwer déi lescht Eventer a Kampagnensinformatioun vum FAD – Fathers Against Discrimination a.s.b.l.

Abonnéieren
PLEASE SUPPORT OUR CAUSE