12 Grënn fir FAD ze grënnen

12 Grënn fir de FAD ze kreéieren

  1. Eng Dialog-Plattform ze schafee fir Geschlechter-Chancëgläichheet an all Aspekt vun der Lëtzebuerger Gesellschaft ze fërderen.
  2. Fir d’Wichtegkeet vu Familljewäerter, déi e positiven Impakt op e gesond Familljeliewen am Sënn vum Wuelbefanne vun de Kanner, ze fërderen.
  3. Fir sech fir gläich Rechter vu Pappen a Mammen, sief et als Eltere wéi fir eng erfollegräich professionell Karriär, anzesetzen.
  4. Fir e gesellschaftlecht Bewosstsinn iwwert Wichtegkeet vun der Präsenz vun de Pappe bei der Erzéiung vun de Kanner ze hiewen.
  5. Fir op d’Diskriminatioun vu Pappen- a Kannerrechter viru Geriicht hinzeweisen.
  6. Fir en Opklärungszenter ze ginn, fir Fakten an d’Wichtegkeet vun engem 50/50 gläichberechtegt Suergerecht – alternéierte Wunnsëtz ervirzehiewen, wärend an no enger Trennung oder Scheedung vun den Elteren.
  7. Fir d’Lëtzebuerger Regierung z’iwwerzeegen d’Resolutioun 2079 vum Europäesche Rot fir d’Aféierung vun engem 50/50 gläichberechtegt Suergerecht – alternéierte Wunnsëtz, net als Optioun, mee als e Startpunkt a Basisreegel fir all Suergerechts-Prozedur, anzeféieren.
  8. Fir Familljen a Nout ze representéieren a sécherzestellen dass Kannerrechter a notamment hier Expressiounsfräiheet ënnert dem Artikel 24 vun der Charta vun de fundamentale Rechter vun der Europäescher Union, zu Lëtzebuerg, net méi mëssbraucht ginn.
  9. Fir d’Rechter vu Pappen op e Familljeliewen entspriechend der europäescher Mënscherechtskonventioun zu Lëtzebuerg, sécherzestellen.
  10. Fir Pappen ze hëllefen ze verstoe wat et heescht Papp ze sinn a hir Rechter an hir gläich Präsenz am Liewe vun hire Kanner ze schützen, wärend a no enger Trennung oder Scheedung.
  11. Fir opmierksam ze maachen op d’Wichtegkeet vum Schafe vun engem Foyer fir Männer, Jongen a Pappe mat Kanner déi Affer vun häuslecher Gewalt sinn, déi Hëllef, Ënnerstëtzung an Asyl sichen. Wann et net méiglech wier eng nei Infrastruktur ze schafen, dann eng Ëmwandlung vun engem vun den 10 bestoende Foyere ze maachen, déi just fir Fraen, Meedercher a Mammen zur Verfügung stinn, an deen alleréischte Foyer fir Männer, Jongen a Pappe mat Kanner zu Lëtzebuerg, ze schafen.
  12. Fir eng Dialogplattform fir d’Chancëgläichheet an alle Beräicher vun der Gesellschafft an d’Liewen ze ruffen.

 

“Mir wëlle bleiwe wat mir sinn an mir kënnen e Beispill fir den Rescht vun Europa sinn."

Newsletter

Abonnéiert Iech op eisen Newsletter fir um lafenden Zäit ze bleiwen iwwer déi lescht Eventer a Kampagnensinformatioun vum FAD – Fathers Against Discrimination a.s.b.l.

Abonnéieren
PLEASE SUPPORT OUR CAUSE