“Schafe vun engem Foyer fir Männer, Jongen a Pappe mat Kanner déi Affer vun häuslecher Gewalt sinn, déi Hëllef, Ënnerstëtzung an Asyl sichen. Wann et net méiglech wier eng nei Infrastruktur ze schafen, dann eng Ëmwandlung vun engem vun den 10 bestoende Foyeren ze maachen, déi just fir Fraen, Meedercher a Mammen zur Verfügung stinn, an deen alleréischte Foyer fir Männer, Jongen a Pappe mat Kanner zu Lëtzebuerg, ze schafen.
De Ministère vun der Chancëgläichheet schreift op offizieller Website datt et zu Lëtzebuerg Foyere fir “Frae, Meedercher, Fraen mat Kanner a Männer gëtt”. Dat ass net wouer. No enger Confirmatioun déi d’FAD vun der Croix Rouge kritt huet, gëtt et vun 10 Foyeren déi gelëscht an disponibel sinn, net eng, déi Männer, Jongen oder Pappe mat Kanner akzeptéiert.
An enger héich internationaler Gesellschaft dacks ouni iergendee Familljememberen zu Lëtzebuerg ze hunn, si Männer, Jongen a Pappe mat Kanner am grousse Besoin ee séchert Ënnerdaach ze fannen, net wëssend wou se sollen hin.
”Kreatioun vun engem Porte Parole ausgoend vun der Lëtzebuerger Regierung, dee sech fir d’Promotioun an d’Entwécklung vun de Kannerrechter zu Lëtzebuerg asetzt.”
Am Ablack, ass Lëtzebuerg 54. am Index fir d’Kannerrechter a verpasst d’Chance e Virbild fir déi europäesch Gemeinschaft ze sinn, fir dass déi ënnen zesummegefaasst Rechter a Konventioune vu Lëtzebuerger Geriichter agehale ginn.
”D’Kreatioun vun enger Helpline fir Männer, Jongen a Pappe mat Kanner a Schafe vun engem Büro fir juristesch Ënnerstëtzung, am lokale Geriichtshaff vu Lëtzebuerg, deen eleng devouéiert ass wëchentlech pro-bono Assistenz ze bidde fir Männer, Jongen a Pappen op der Sich no Rot betreffend mënschlechen an elterleche Rechter wärend enger Scheedung oder Trennung vun Elteren an der Suergerechtsprozedur.”