Eis Geschicht

FAD - Fathers Against Discrimination a.s.b.l.

"Both Parents for All Children™"

Eis Organisatioun ass eng Dialogplattform déi gegrënnt ginn ass fir d’Chancëgläichheet fir béid Elteren ze fërderen, fir d’Verletzunge vun de Kannerrechter ze stoppen, hire Wuelstand ze garantéieren, e Bewosstsinn fir Ongläichheeten ze schafen an Diskriminatioun géigeniwwer vun Eltere virun de Lëtzebuerger Geriichter z’exposéieren.

Eist Zil -

- Wuelbefanne vun de Kanner

Eist Zil ass et, d’Justiz op veraalt Familljegesetzer opmierksam ze maachen, notamment am Fall vu Scheedungen, an awer och duerfir ze suergen datt all Elterendeel déi selwecht Rechter wärend de Verhandlunge soll hunn.

Trotz de rezenten an als “revolutionär” virgestallte Gesetzesännerunge vum 1. November 2018 déi béid Elteren dat gläicht Suergerecht zouspriechen, gëtt 50/50 gläichberechtegt Suergerecht – alternéierte Wunnsëtz nach ëmmer net als Standardreegel applizéiert, wat ofwiesselend Suergerecht ugeet.

D’Gesetzgeber an d’Riichter berécksiichtege seele 4 Jorzéngte laang empiresch Studien a wëssenschaftleche Konklusioune vun international unerkannte Wëssenschaftler, déi bestätegen, datt 50/50 gläichberechtegt Suergerecht – alternéierte Wunnsëtz (a Flichten) de effektiivste Modell ass deen de Kanner wärend oder no enger Trennung, emotional Stabilitéit garantéiert.

50/50 gläichberechtegt Suergerecht – alternéierte Wunnsëtz kann a soll zu Lëtzebuerg als Standardreegel am Interêt vun de Kanner agefouert ginn. De Modell kann net all Problem léisen deen d’Eltere behandele wann se sech trennen, awer en erméiglecht d’Kanner ze schütze géintiwwer all den Elteren déi hier Kanner als Erpressungsinstrument ausnotze wëllen.

 

 

Eltere-Chancëgläichheet -

- Chancëgläichheet op der Aarbecht & Chancëgläichheet doheem

Eis Gesellschaft huet sech an de leschte Jorzéngte vill verännert. D’Roll vun der Mamm a vum Papp sinn net méi definéiert wéi se dat an de 1950er waren. An awer ginn et zu Lëtzebuerg an an Europa honnerte respektiv dausende vu Kanner deenen hir Rechter all Joer verletzt ginn. Kanner an Eltere gi vu Familljeriichter getrennt, am Numm vun hirem eegene Wuelstand an awer mat engem ongläichen Zougang zur Mamm an zum Papp.

Déi lëtzebuergesch Regierung muss de Courage fannen e Beispill ze si fir aner Membere vun der Europäescher Gemeinschaft an d’Diskriminatioun géigeniwwer vu béiden Elteren ze stoppen.

Geschlechter-Chancëgläichheet ass gläich wichteg fir Fraen a Männer awer d’Chancëgläichheet op der Aarbechtsplaz kann nëmmen erreecht gi wann et och eng Chancëgläichheet doheem gëtt. Eis Organisatioun fërdert Geschlechter-Chancëgläichheet an allen Aspekter vun der Lëtzebuerger Gesellschaft. Mir ënnerstëtzen d’Rechter vu Pappen a Mamme fir eng gläichberechtegt Eltereschaft an eng erfollegräich professionell Karriär. Mir ënnersträichen d’Wichtegkeet vu Familljewäerter, déi e positiven Impakt hunn op e gesond Familljeliewen am Sënn vum Wuelbefanne vun de Kanner. Mir fuerdere Gläichbehandlung vu béiden Eltere wärend de Suergerechtsverhandlungen zu Lëtzebuerg.

Mir reegen all d’Leit mat guddem Wëllen un, besonnesch Frae vun all Alter, net-Gewënn orientéiert Organisatiounen (ONG), LGBTI, feministesch Gruppen, Männer, Pappen an all déi déi sech wierklech fir d’Wuelbefanne vun de Kanner interesséieren, eis z’ënnerstëtzen.

Mir fuerderen d’Riichter an d’Lëtzebuerger Familljegeriichter op, de Courage ze fanne fir al Doktrinnen an d’Virlagen-Approche (selwechte Modell fir jiddereen), datt een Elterendeel géigeniwwer vun deem anere favoriséiert gëtt, ouni d’Kanner ze berécksiichtegen, ze STOPPEN, an eng 50/50 gläichberechtegt Suergerecht – alternéierte Wunnsëtz fir Elteren als Standardreegel ze STARTEN, an dat fir all Suergerechtsverhandlungen zu Lëtzebuerg.

"Mir wëlle bleiwe wat mir sinn a mir kënnen e Beispill fir den Rescht vun Europa sinn."

Newsletter

Abonnéiert Iech op eisen Newsletter fir um lafenden Zäit ze bleiwen iwwer déi lescht Eventer a Kampagnensinformatioun vum FAD – Fathers Against Discrimination a.s.b.l.

Abonnéieren
PLEASE SUPPORT OUR CAUSE