FAD – Fathers Against Discrimination asbl “Both Parents for All Children”, ass eng Dialogplattform déi gegrënnt ginn ass fir d’Chancëgläichheet fir béid Elteren ze fërderen, fir d’Verletzunge vun de Kannerrechter ze stoppen, hire Wuelstand ze garantéieren, e Bewosstsinn fir Ongläichheeten ze schafen an Diskriminatioun géigeniwwer vun Eltere virun de Lëtzebuerger Geriichter z’exposéieren.
Eist Zil ass d’Justiz op veraalt Familljegesetzer opmierksam ze maachen, notamment am Fall vu Scheedungen, an awer och duerfir ze suergen datt all Elterendeel déi selwecht Rechter wärend de Verhandlunge soll hunn.
Trotz de rezenten an als “revolutionär” virgestallte Gesetzesännerunge vum 1. November 2018 déi béid Elteren dat gläicht Suergerecht zouspriechen, gëtt 50/50 gläichberechtegt Suergerecht – alternéierte Wunnsëtz nach ëmmer net als Standardreegel applizéiert, wat Suergerecht ugeet.
D’Gesetzgeber an d’Riichter berécksiichtege seele 4 Jorzéngte laang empiresch Studien a wëssenschaftlech Konklusioune vun international unerkannte Wëssenschaftler, déi bestätegen, datt 50/50 gläichberechtegt Suergerecht – alternéierte Wunnsëtz (a Flichten) de effektiivste Modell ass deen de Kanner wärend oder no enger Trennung, emotional Stabilitéit garantéiert.
50/50 gläichberechtegt Suergerecht – alternéierte Wunnsëtz kann a soll zu Lëtzebuerg als Standardreegel am Interêt vun de Kanner agefouert ginn. De Modell kann net all Problem léisen deen d’Eltere behandele wann se sech trennen, awer en erméiglecht d’Kanner ze schütze géigeniwwer all den Elteren déi hier Kanner als Erpressungsinstrument ausnotze wëllen.
Lët’z Make Equal Shared Parenting – ”Résidence Alternée” THE DEFAULT LAW in Luxembourg (Council of Europe Resolution – CE Resolution 2079/15).