Eis Campagne

"Mir wëlle bleiwe wat mir sinn an mir” kënnen en Virbild fir den Rescht vun Europa gin.

- "We want to remain what we are” and we can set example for the rest of Europe

FAD – Fathers Against Discrimination asbl “Both Parents for All Children” is reaching out to all people of good-will asking for support. Especially to women of all ages, non-profit organizations, LGBTI, feminist groups, men, fathers and everyone who really cares for gender equality of chance and the well-being of children.

The society and family life in Luxembourg is in distress. With population of a little over 600,000, we are one of the smallest nations in Europe, with one of the most advanced economies and one of the highest population growth. Unfortunately, also with one of the highest divorce rates in the world.

Divorce is a dramatic life change, at the time it happens and then for the rest of the lives for those involved. It leaves a trace and has long-term effect on children when they are eventually adults themselves. The increase in divorce rate indicates galloping social shift presenting serious problem to the society and Luxembourg future in general.

Thousands of children currently under age of 12 will be raised in more broken families than ever before. We must offer legislative changes to assure these kids are to be brought up with support and family values. Among number of different measures to take Equal Shared Parenting – Alternating Residence (Résidence Alternée) is the key component protecting the quality of upbringing after separation and divorce.

Children & Parents -

- Full-healthy family and well-being of children

Kanner sinn déi wäertvollst an déi wichtegst Elementer vun eiser Gesellschaft. Si sinn et, well si eis Zukunft sinn. Mat den aktuelle gesellschaftlechen Ännerungen an der Erhéijung vum Scheedungsniveau, ass et eis Verantwortung e legale Kader ze schafen deen d’Erzéiung vun eise Kanner schützt.

D’Elteren hunn éiweg Rechter, a Flichte vis-à-vis vun hire Kanner. Dëst gëllt souwuel fir de Papp wéi fir d’Mamm. D’Eltere sollen op hir Kanner oppassen, awer d’Kanner sinn net hire Besëtz. Tatsächlech sinn si kee Besëtz vun iergendengem. Si sinn och net hallef Mënschen esou wéi e puer Erwuessener dat denken. Si si grad sou wéi mir Erwuessener, nëmme besser. Si hunn Dreem, Besoinen a Gefiller.

Fir en Elterendeel an e Kand, ass d’Zesummesinn e wesentleche Bestanddeel vum Familljeliewen. Hir Trennung huet eng schlëmm negativ Auswierkungen op hir Relatioun an op d’Erzéiung vun de Kanner. D’Gläichheet tëscht Eltere muss garantéiert a gefërdert ginn ab dem Moment wou d’Kand kënnt a kee soll entscheeden datt d’Léift vun engem Elterendeel méi Wäert huet wéi deem aneren seng.

"LET'S MAKE IT HAPPEN" -

- The new Luxembourg signature

Mir wëllen als modern, dynamesch an oppe Gesellschaft, kompetitiv Finanzplaz, innovativ an ëmweltfrëndlech Wirtschaft mat ville Regierungsinitiative wéi zum Beispill dem Etablissement vun der Lëtzebuerger Raumfaartagence, der Cannabis Legaliséierung, gläichgeschlechtlech Hochzäite mat Adoptioun vu Kanner, d’Baue vun engem neien Tram, engem neie Foussballstadion asw, betruecht ginn. An awer scheitere mir u Gläichberechtegung fir Elteren an de Lëtzebuerger Institutiounen.

D’Entscheedung vun de Lëtzebuerger Familljegeriichter, d’Kanner wärend de Suergerechtsverhandlungen no enger Virlagen-Approche, just bei engem Elterendeel ze loossen, ouni d’Familljeliewen, Geschlechter-Gläichberechtegung an d’Kannerrechter ze berécksiichtegen, sti géint eng Rei vu Konventiounen an international rechtlechen Instrumenter notamment:

  1. Article 3(3) of the Treaty on European Union 1992 gegrënnt fir “sozial Exklusioun an Diskriminatioun ze bekämpfen, fir sozial Gerechtegkeet a Schutz ze promovéieren, Gläichheet tëscht Fraen a Männer, Solidaritéit tëscht Generatiounen a Schutz vun de Rechter vum Kand”.
  2. Article 24 of the Charter of Fundamental Rights of the European Union am Kader vum Vertrag vu Lissabon am Joer 2009 agefouert “fir de Schutz vun de Rechter vum Kand vun den EU Institutiounen a vun den EU Länner ze garantéiere beim Ëmsetze vum EU Gesetz”.
  3. The United Nations Convention on the Rights of the Child aus dem Joer 1989. Dat éischt universellt Instrument vun enger legal bindender Natur fir d’Rechter vum Kand ze adresséieren. Et sinn de Moment 193 Parteie fir d’Konventioun mat allen 28 Membere vun der EU. Obwuel d’Konventioun déi zivil, politesch, sozial, wirtschaftlech a kulturell Rechter vun de Kanner adresséiert, si weider lieweg Beispiller vu Violatioune vun de Kannerrechter duerch all EU-Memberlänner, dorënner Lëtzebuerg.
  4. Article 8 of theEuropean Convention iwwert Mënscherechter, déi 1953 vu Lëtzebuerg ratifizéiert gouf, e Recht op de Respekt vu sengem “private a Familljeliewen, sengem Heem a senger Korrespondenz” ze respektéieren.

Gender equality & Children's rights -

- Equality of chance at work and home

De Lëtzebuerger Geriichter hier Geschlechterapproche wärend de Verhandlunge fir d’Suergerechter vun de Kanner  an hier Net-Berécksiichtegung vum Familljeliewen ass ongerecht fir Mammen déi hire Partner brauche fir hinnen ze hëllefen sech ëm hir Kanner ze këmmeren, ass ongerecht fir Pappen déi di selwecht Rechter wëlle fir no hire Kanner ze kucken an aktiv an hirem Liewe present ze sinn. Schlussendlech, de Kanner hir Stëmm wärend de Suergerechtsverhandlungen z’ignoréieren, verletzt hiert fundamentaalt Recht fir d’Meenungsfräiheet souwéi onbestridde Bedierfnesser fir de selwechten Zougang zu béiden Elteren.

50/50 gläichberechtegt Suergerecht – alternéierte Wunnsëtz -

- CE Resolutioun 2079/15 vum Europäesche Rot

Et sinn iwwer 10 Joer zënter der Aféierung vum 50/50 gläichberechtegtem Kannerrechtsgesetz an der Belsch. Eng Regel a Methodik, déi vun Expert Psychologen, Tester an empiresche Studien bewisen ass, déi am effektivsten ass fir de Kanner hier emotional Stabilitéit an hier Erzéiung ze schütze während der Trennung oder der Scheedung vun den Elteren.

Vill Länner aus der EU hunn oder solle 50/50 gläichberechtegt Suergerecht – alternéierte Wunnsëtz aféieren als Reegel fir d’Unhéierunge vun de Kanner. D’Belsch an aner modern Gesellschafte wéi Dänemark stellen e Beispill fir Lëtzebuerg an de Rescht vun Europa duer

2015 huet den Europäesche Rot eng CE Resolutioun 2079/15 gestëmmt, fir all EU Memberlänner opzeruffe fir e 50/50 gläichberechtegt Suergerecht – alternéierte Wunnsëtz als Basis vum Familljerecht anzeféieren. Bis elo, konnt FAD – Fathers Against Discrimination asbl “Both Parents for All Children”, keng Erklärung vun der aktueller Lëtzebuerger Regierung kréien, firwat no bal 4 Joer der Stëmmung vun der Resolutioun, dat lëtzebuergescht Parlament nach ëmmer net iwwer d’Resolutioun gestëmmt huet fir d’Chancëgläichheet fir Elteren an de lëtzebuergeschen Institutiounen anzeféieren.

D’Grënn hannert dem Net-Vott vum Lëtzebuerger Parlament iwwer d’Resolutioun CE 2079/15 bleiwen e Rätsel, besonnesch well d’Resolutioun 2079 am Joer 2015 ageleet gouf vun der Mme Françoise HETTO-GAASCH, Lëtzebuerger Politikerin (CSV), fréier Ministesch vun der Chancëgläichheet tëscht Fraen & Männer, fréier an aktuell Member vum Lëtzebuerger Parlament.

FAD – Fathers Against Discrimination asbl “Both Parents for All Children” huet an der Vergaangenheet mat der Madame HETTO-GAASCH Kontakt gehat a gefrot ob si als Initiatorin vun der Resolutioun jeemools eng Motioun am Lëtzebuerger Parlament ugeholl huet iwwer d’Resolutioun an ob si jee hire Kollegen aus der CSV an de Membere vum Lëtzebuerger Parlament dozou opgeruff huet iwwer d’Resolutioun ze stëmmen. Mir waarden nach ëmmer op eng Äntwert.

Lëtzebuerger Familljerecht -

- Article 378-1 vum Lëtzebuerger Code Civil

Familljeriichter an entwéckelten europäesche Gesellschafte beweisen datt d’Resolutioun 2079 am Interêt vun de Kanner agefouert ka ginn, och wann ee vun den Eltere refuséiert mat deem Modell averstanen ze sinn.

Riichter vum Lëtzebuerger Familljeriichtert ass eng gewielt Grupp vun Individuen. Wa si en charge si vu Kannerrechtsprozeduren, entscheeden si all Dag iwwer d’Zukunft vun de Kanner an hirem Wuelbefannen. No den Ännerungen am Lëtzebuerger Code civil, déi den 1. November 2018 agefouert goufen, hunn Lëtzebuerger Riichter e legaalt Instrument an hiren Hänn fir dat Richtegt ze maachen. Den Article 378-1 vum Lëtzebuerger Code Civil erlaabt eng direkt Aféierung vu 50/50 gläichberechtegt Suergerecht – alternéierte Wunnsëtz, dee Modell ass awer keng Reegel a gëtt seelen zu Lëtzebuerg ugewannt.

Déi Lëtzebuerger Gesellschaft fuerdert d’Riichter an d’Lëtzebuerger Familljegeriichter op de Courage ze fanne fir al Doktrinnen an d’Virlagen-Approche (selwechte Modell fir jiddereen), datt een Elterendeel géigeniwwer vun deem anere favoriséiert gëtt, ouni d’Kanner ze berécksiichtegen, ze STOPPEN, an eng gläichberechtegt Suergerecht – alternéierte Wunnsëtz fir Elteren als Standardreegel ze STARTEN, an dat fir all Suergerechtsverhandlung zu Lëtzebuerg.

De Modell kann net all Problem léisen deen d’Eltere behandele wann se sech trennen, awer en erméiglecht d’Kanner ze schütze géigeniwwer all den Elteren déi hir Kanner als Erpressungsinstrument ausnotze wëllen.

Kanner schützen -

- Eis Petitioun

FAD – Fathers Against Discrimination asbl “Both Parents for All Children” freet Är Ënnerstëtzung an Ënnerschrëft, fir eis Petitioun un d’lëtzebuergescht Parlament an un déi Lëtzebuerger Regierung weiderzeginn, mam Zil:

all d’Membere vum Lëtzebuerger Parlament opzeruffe fir iwwert d’Resolutioun CE 2079/15 vum Europäesche Rot ofzestëmmen, a vum Justizminister Félix BRAZ mat der Lëtzebuerger Regierung ënnert der Leedung vum Premier Minister Xavier BETTEL, fir Ännerungen am Familljerecht ze proposéieren, déi 50/50 gläichberechtegt Suergerecht – alternéierte Wunnsëtz zur Reegel mécht  an en Ausgangspunkt fir Geriichtsverhandlungen zu Lëtzebuerg mécht.

Newsletter

Subscribe to our Newsletter to stay up to date with the latest events and campaign information from FAD – Fathers Against Discrimination a.s.b.l.

Subscribe

Useful Links