News
01.03.2020

Monsieur le Premier ministre Xavier BETTEL, de Fändel hänkt op der Kopp well d’Gesellschaft, d’Familleliewen an d’Zukunft vu Lëtzebuerg an Nout ass

Monsieur le Premier ministre Xavier BETTEL,

il est plus qu’urgent de mettre un terme à la violation des droits parentaux des pères devant les tribunaux luxembourgeois. Protégez les enfants de notre pays en introduisant le partage 50/50 “Shared Parenting” – Résidence Alternée comme loi par défaut après la séparation des parents à Luxembourg. Agissons enfin pour le vrai intérêt de l’enfant!

De Fändel hänkt op der Kopp (international Zeechen vun Nout) well d’Gesellschaft, d’Familleliewen an d’Zukunft vu Lëtzebuerg an Nout ass.

“Mir wëlle bleiwe wat mir sinn an mir kënnen e Beispill fir den Rescht vun Europa sinn.”

FAD – Fathers Against Discrimination a.s.b.l. “Both Parents for All Children™”, reegt all d’Leit mat gudden Wëllen un, besonnesch Frae vun all Alter, net-Gewënn orientéiert Organisatiounen (ONG), LGBTI, feministesch Gruppen, Männer, Pappen an all déi déi sech wierklech fir d’Wuelbefanne vun de Kanner interesséieren, eis z’ënnerstëtzen.

D’Gesellschaft an d’Familljeliewen zu Lëtzebuerg sinn an Nout. Mat enger Bevëlkerung vun eppes méi wéi 600.000 Awunner, si mir eng vun de klengsten Natiounen an Europa, mat enger vun den entwéckeltste Wirtschaften a mat engem vun den héchste Bevëlkerungswuesstem. Leider och mat engem vun den héchste Scheedungsniveauën op der Welt.

Eng Scheedung ass eng dramatesch Liewensännerung, zurzäit wou et geschitt a fir de Rescht vum Liewe fir déi Betraffen. Se hannerléisst Spuren an huet eng laangfristeg Wierkungen op Kanner, bis se schlussendlech selwer erwuesse sinn. D’Erhéijung vum Scheedungsniveau weist op ee séiere gesellschaftleche Wandel hin, deen en eeschte Problem fir d’Gesellschaft an d’Lëtzebuerger Zukunft duerstellt.

Dausende vu Kanner ënner 12 Joer, wuessen a méi gebrache Familljen op wéi jee virdrun. Mir musse gesetzlech Ännerungen aféiere fir sécherzestellen datt dës Kanner mat Ënnerstëtzung a Familljewäerter opwuessen. An der Unzuel vun all de Moossnamen déi musse geholl ginn, zielt 50/50 gläichberechtegt Suergerecht – alternéierte Wunnsëtz fir all Elterendeel, als Schlësselkomponent fir d’Qualitéit vun der Erzéiung no der Trennung oder Scheedung ze schützen.

Kanner & Elteren –

– Kärgesond Famill an d’Wuelbefannen vu Kanner

Kanner sinn déi wäertvollst an déi wichtegst Elementer vun eiser Gesellschaft. Si sinn et, well si eis Zukunft sinn. Mat den aktuelle gesellschaftlechen Ännerungen an der Erhéijung vum Scheedungsniveau, ass et eis Verantwortung e legale Kader ze schafen deen d’Erzéiung vun eise Kanner schützt.

D’Elteren hunn éiweg Rechter, a Flichte vis-à-vis vun hire Kanner. Dëst gëllt souwuel fir de Papp wéi fir d’Mamm. D’Eltere sollen op hir Kanner oppassen, awer d’Kanner sinn net hire Besëtz. Tatsächlech sinn si kee Besëtz vun iergendengem. Si sinn och net hallef Mënschen esou wéi e puer Erwuessener dat denken. Si si grad sou wéi mir Erwuessener, nëmme besser. Si hunn Dreem, Besoinen a Gefiller.

Fir en Elterendeel an e Kand, ass d’Zesummesinn e wesentleche Bestanddeel vum Familljeliewen. Hir Trennung huet eng schlëmm negativ Auswierkungen op hir Relatioun an op d’Erzéiung vun de Kanner. D’Gläichheet tëscht Eltere muss garantéiert a gefërdert ginn ab dem Moment wou d’Kand kënnt a kee soll entscheeden datt d’Léift vun engem Elterendeel méi Wäert huet wéi deem aneren seng.

“LET’S MAKE IT HAPPEN” –

– Déi nei Lëtzebuerger Ënnerschrëft

Mir wëllen als modern, dynamesch an oppe Gesellschaft, kompetitiv Finanzplaz, innovativ an ëmweltfrëndlech Wirtschaft mat ville Regierungsinitiative wéi zum Beispill dem Etablissement vun der Lëtzebuerger Raumfaartagence, der Cannabis Legaliséierung, gläichgeschlechtlech Hochzäite mat Adoptioun vu Kanner, d’Baue vun engem neien Tram, engem neie Foussballstadion asw, betruecht ginn. An awer scheitere mir u Gläichberechtegung fir Elteren an de Lëtzebuerger Institutiounen.

D’Entscheedung vun de Lëtzebuerger Familljegeriichter, d’Kanner wärend de Suergerechtsverhandlungen no enger Virlagen-Approche, just bei engem Elterendeel ze loossen, ouni d’Familljeliewen, Geschlechter-Gläichberechtegung an d’Kannerrechter ze berécksiichtegen, sti géint eng Rei vu Konventiounen an international rechtlechen Instrumenter notamment:

  1. Article 3(3) of the Treaty on European Union 1992 gegrënnt fir “sozial Exklusioun an Diskriminatioun ze bekämpfen, fir sozial Gerechtegkeet a Schutz ze promovéieren, Gläichheet tëscht Fraen a Männer, Solidaritéit tëscht Generatiounen a Schutz vun de Rechter vum Kand”.
  2. Article 24 of the Charter of Fundamental Rights of the European Union am Kader vum Vertrag vu Lissabon am Joer 2009 agefouert “fir de Schutz vun de Rechter vum Kand vun den EU Institutiounen a vun den EU Länner ze garantéiere beim Ëmsetze vum EU Gesetz”.
  3. The United Nations Convention on the Rights of the Child aus dem Joer 1989. Dat éischt universellt Instrument vun enger legal bindender Natur fir d’Rechter vum Kand ze adresséieren. Et sinn de Moment 193 Parteie fir d’Konventioun mat allen 28 Membere vun der EU. Obwuel d’Konventioun déi zivil, politesch, sozial, wirtschaftlech a kulturell Rechter vun de Kanner adresséiert, si weider lieweg Beispiller vu Violatioune vun de Kannerrechter duerch all EU-Memberlänner, dorënner Lëtzebuerg.
  4. Article 8 of theEuropean Convention iwwert Mënscherechter, déi 1953 vu Lëtzebuerg ratifizéiert gouf, e Recht op de Respekt vu sengem “private a Familljeliewen, sengem Heem a senger Korrespondenz” ze respektéieren.

Geschlechter-Gläichheet & Kannerrechter –

– Chancëgläichheet op der Aarbecht an doheem

De Lëtzebuerger Geriichter hier Geschlechterapproche wärend de Verhandlunge fir d’Suergerechter vun de Kanner  an hier Net-Berécksiichtegung vum Familljeliewen ass ongerecht fir Mammen déi hire Partner brauche fir hinnen ze hëllefen sech ëm hir Kanner ze këmmeren, ass ongerecht fir Pappen déi di selwecht Rechter wëlle fir no hire Kanner ze kucken an aktiv an hirem Liewe present ze sinn. Schlussendlech, de Kanner hir Stëmm wärend de Suergerechtsverhandlungen z’ignoréieren, verletzt hiert fundamentaalt Recht fir d’Meenungsfräiheet souwéi onbestridde Bedierfnesser fir de selwechten Zougang zu béiden Elteren.

50/50 gläichberechtegt Suergerecht – alternéierte Wunnsëtz –

– Resolutioun 2079 vum Europäesche Rot

Et sinn iwwer 10 Joer zënter der Aféierung vum 50/50 gläichberechtegtem Kannerrechtsgesetz an der Belsch. Eng Regel a Methodik, déi vun Expert Psychologen, Tester an empiresche Studien bewisen ass, déi am effektivsten ass fir de Kanner hier emotional Stabilitéit an hier Erzéiung ze schütze während der Trennung oder der Scheedung vun den Elteren.

Vill Länner aus der EU hunn oder solle 50/50 gläichberechtegt Suergerecht – alternéierte Wunnsëtz aféieren als Reegel fir d’Unhéierunge vun de Kanner. D’Belsch an aner modern Gesellschafte wéi Dänemark stellen e Beispill fir Lëtzebuerg an de Rescht vun Europa duer

2015 huet den Europäesche Rot eng Resolutioun 2079 gestëmmt, fir all EU Memberlänner opzeruffe fir e 50/50 gläichberechtegt Suergerecht – alternéierte Wunnsëtz als Basis vum Familljerecht anzeféieren. Bis elo, konnt FAD – Fathers Against Discrimination a.s.b.l. “Both Parents for All Children™”, keng Erklärung vun der aktueller Lëtzebuerger Regierung kréien, firwat no bal 4 Joer der Stëmmung vun der Resolutioun, dat lëtzebuergescht Parlament nach ëmmer net iwwer d’Resolutioun gestëmmt huet fir d’Chancëgläichheet fir Elteren an de lëtzebuergeschen Institutiounen anzeféieren.

D’Grënn hannert dem Net-Vott vum Lëtzebuerger Parlament iwwer d’Resolutioun 2079 bleiwen e Rätsel, besonnesch well d’Resolutioun 2079 am Joer 2015 ageleet gouf vun der Mme Françoise HETTO-GAASCH, Lëtzebuerger Politikerin (CSV), fréier Ministesch vun der Chancëgläichheet tëscht Fraen & Männer, fréier an aktuell Member vum Lëtzebuerger Parlament.

FAD – Fathers Against Discrimination a.s.b.l. “Both Parents for All Children™” huet an der Vergaangenheet mat der Madame HETTO-GAASCH Kontakt gehat a gefrot ob si als Initiatorin vun der Resolutioun jeemools eng Motioun am Lëtzebuerger Parlament ugeholl huet iwwer d’Resolutioun an ob si jee hire Kollegen aus der CSV an de Membere vum Lëtzebuerger Parlament dozou opgeruff huet iwwer d’Resolutioun ze stëmmen. Mir waarden nach ëmmer op eng Äntwert.

Lëtzebuerger Familljerecht –

– Article 378-1 vum Lëtzebuerger Code Civil

Familljeriichter an entwéckelten europäesche Gesellschafte beweisen datt d’Resolutioun 2079 am Interêt vun de Kanner agefouert ka ginn, och wann ee vun den Eltere refuséiert mat deem Modell averstanen ze sinn.

Riichter vum Lëtzebuerger Familljeriichtert ass eng gewielt Grupp vun Individuen. Wa si en charge si vu Kannerrechtsprozeduren, entscheeden si all Dag iwwer d’Zukunft vun de Kanner an hirem Wuelbefannen. No den Ännerungen am Lëtzebuerger Code civil, déi den 1. November 2018 agefouert goufen, hunn Lëtzebuerger Riichter e legaalt Instrument an hiren Hänn fir dat Richtegt ze maachen. Den Article 378-1 vum Lëtzebuerger Code Civil erlaabt eng direkt Aféierung vu 50/50 gläichberechtegt Suergerecht – alternéierte Wunnsëtz, dee Modell ass awer keng Reegel a gëtt seelen zu Lëtzebuerg ugewannt.

Déi Lëtzebuerger Gesellschaft fuerdert d’Riichter an d’Lëtzebuerger Familljegeriichter op de Courage ze fanne fir al Doktrinnen an d’Virlagen-Approche (selwechte Modell fir jiddereen), datt een Elterendeel géigeniwwer vun deem anere favoriséiert gëtt, ouni d’Kanner ze berécksiichtegen, ze STOPPEN, an eng gläichberechtegt Suergerecht – alternéierte Wunnsëtz fir Elteren als Standardreegel ze STARTEN, an dat fir all Suergerechtsverhandlung zu Lëtzebuerg.

De Modell kann net all Problem léisen deen d’Eltere behandele wann se sech trennen, awer en erméiglecht d’Kanner ze schütze géigeniwwer all den Elteren déi hir Kanner als Erpressungsinstrument ausnotze wëllen.

Kanner schützen –

– Eis Petitioun

FAD – Fathers Against Discrimination a.s.b.l. “Both Parents for All Children™” freet Är Ënnerstëtzung an Ënnerschrëft, fir eis Petitioun un d’lëtzebuergescht Parlament an un déi Lëtzebuerger Regierung weiderzeginn, mam Zil:

all d’Membere vum Lëtzebuerger Parlament opzeruffe fir iwwert d’Resolutioun 2079 vum Europäesche Rot ofzestëmmen, a vum Justizminister Félix BRAZ mat der Lëtzebuerger Regierung ënnert der Leedung vum Premier Minister Sam TANSON , fir Ännerungen am Familljerecht ze proposéieren, déi 50/50 gläichberechtegt Suergerecht – alternéierte Wunnsëtz zur Reegel mécht  an en Ausgangspunkt fir Geriichtsverhandlungen zu Lëtzebuerg mécht.

Newsletter

Subscribe to our Newsletter to stay up to date with the latest events and campaign information from FAD – Fathers Against Discrimination a.s.b.l.

Subscribe

Useful Links